LUCA – Urban Discovery Tour

Eng Initiativ vum LUCA Luxembourg Center for Architecture, ugebueden am Kader vun den “Journées européennes du patrimoine 2020”.

Wëllkomm!

Vill Spaass beim Entdecke vun de villen architektoneschen Highlights vum 20. an 21. Joerhonnert, déi d’Stad Lëtzebuerg ze bidden huet. D‘Stad ass bekannt fir hiren historesche Patrimoine, awer och hir nei Gebaier sinn en Ëmwee wäert.

Maach e Spadséiergank duerch d‘Stad mat Famill oder Frënn, andeems de mat Dengem Handy oder GPS navigéiers. Mir hu fir Dech interessant Plazen ausgewielt, déi s Du op kee Fall verpasse sollts. Beäntwer bei all Stopp eng Fro, andeems Du Däin Ëmfeld genee ënner d‘Lupp hëls. Notéier dës Äntwerten op engem Blat Pabeier, Du brauch se onbedéngt fir d’Cache ze fannen, opzemaachen an eng Belounung ze kréien, déi speziell fir dësen Challenge entwéckelt a produzéiert gouf! Fir dëst Erliefnes ze genéissen, muss Du Däi Smartphone benotze fir de genaue Standuert vun all Stopp ze erreechen.

Wann s Du wëlls, kanns Du d’Pdf-Versioun hei eroflueden. Späicher se op Däi Smartphone fir einfach op d’Linke vun de GPS Koordinaten ze klicken, déi s Du brauchs, fir déi eenzel Etappen op der Streck ze erreechen an Indizien ze sammelen!

Deng Checklëscht:

  • Smartphone
  • Pabeier
  • Stëft
  • Vill Virwëltz😉

A lass! Généiss Däi perséinlechen Abenteuer-Parcoursl!


OPGEPASST!

HAL DECH UN D‘KOORDINATE FIR DEI RICHTEG ÄNTWERTEN OP D’FROEN ZE FANNEN!!!

© Lukas Roth, Köln

#1 ADOLPHE-BRECK

Klick op d‘Koordinate fir op déi genee Plaz fir dësen Challenge ze kommen!
N 49° 36.548 E 006° 07.581

Hief de Kapp a kuck Der d’Passerell un, déi mat enger Abberzuel Kabelen ënnert der Adolphe-Bréck befestegt ass. D’Passerell gouf vu CBA Christian Bauer & Associés Architectes entworf an 2017 ageweit. Fir datt den Tram driwwer fuere kann, huet d’Adolphe-Bréck effektiv misse méi breet gemaach ginn. Dee Moment war awer net méi genuch Plaz fir d’Foussgänger an d’Vëlosfuerer. Dofir gouf decidéiert, dës Passerell ze bauen, déi an der Loft schwieft a vun där aus een eng wonnerbar Vue op d’Péitrussdall huet. 2019 gouf se mam Luxembourg Architecture Award an der Kategorie Ingenieurbauten & Strukturen ausgezeechent. Weess Du, dass dës Passerell un 328 Kabelen hänkt?

D’Adolphe-Bréck, entworf vum Ingenieur Paul Séjourné, gouf tëschent 1900 an 1903 gebaut. Si verbënnt de Garer Quartier mat der Uewerstad. Gebaut gouf dës Bréck aus Stee fir eng aner, méi al Bréck ze ersetzen, fir datt den Zuch (mam Numm Charly), dee Lëtzebuerg mat Iechternach verbonnen huet, konnt driwwer fueren.

Fannt méi eraus iwwer d’Vëlospist, déi ënnert der Adolphe-Bréck suspendéiert ass, op architectureaward.lu

NOTÉIER:
Géi déi suspendéiert Vëlospist erof. Wéi vill Sortië gesäis Du op dëser Säit? (A ass méi grouss wéi 1!)

A = _ (grued Zuel)

Géi elo op deen nächste Stopp!

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.