LUCA – Urban Discovery Tour


OPGEPASST!

HAL DECH UN D‘KOORDINATE FIR DEI RICHTEG ÄNTWERTEN OP D’FROEN ZE FANNEN!!!

© 2020 LUCA – Luxembourg Center for Architecture

#2 VILLA LOUVIGNY

Klick op d‘Koordinate fir op déi genee Plaz fir dësen Challenge ze kommen!
N 49° 36.688 E 006° 07.314 

Den Numm vun dësem Gebai geet op d’Villa zeréck, déi um fréiere Festungswierk vun der Stad gebaut gouf. Mä firwat ass dat haitegt Gebai fréier genotzt ginn? Vun 1936 bis 1991 war et de Sëtz vu Radio Lëtzebuerg, deem spéideren RTL. All d’Radio- an Televisiounsprogrammer vu Lëtzebuerg goufe vun hei aus ausgestraalt.

Kuck Dir dat aktuellt Gebai genau un. De gréissten Deel dovu geet zeréck op d’1950er-Joren, déi Zäit wou fir Radio Lëtzebuerg mam Fernsee eng nei Ära ugefaangen huet! Déi “nei“ Villa Louvigny, renovéiert no de Pläng vun den Architekte Pierre Schaack, Nicolas-Schmit Noesen, Georges Reuter an Hubert Schumacher, gouf 1953 ageweit. D’Gebai besteet am Fong aus zwee Deeler: den Tuerm an dat niddregt Gebai mat engem Auditoire mat 300 Sëtzer. Op der Haaptentrée ass nach ëmmer de Léiw mat Flilleken ze gesinn, iwwer deem d‘Motto “Alas Leoni dedit” (“Et huet dem Léiw Flilleke ginn”) ze liesen ass.

D’Gebai, dat an nächster Zukunft restauréiert gi soll, steet haut op der Lëscht vum klasséierte Patrimoine!

Kuck dëse Video fir méi iwwer seng Geschicht gewuer ze ginn! Klick hei.

NOTÉIER:
Wéi vill Rieder gesäis Du op dësem Schëld?

B = _ (ongrued Zuel)

Géi elo op deen nächste Stopp!

Leave a Reply