LUCA – Urban Discovery Tour


OPGEPASST!

HAL DECH UN D‘KOORDINATE FIR DEI RICHTEG ÄNTWERTEN OP D’FROEN ZE FANNEN!!!

© Villa Vauban – Musée d’Art de la Ville de Luxembourg / Photo Andrés Lejona

#3 VILLA VAUBAN

Klick op d‘Koordinate fir op déi genee Plaz fir dësen Challenge ze kommen!
N 49° 36.755 E 006° 07.356

Du stees elo virun der Villa Vauban. Wéi s Du feststelle kanns, steet direkt nieft deem eelere Gebai en Neibau. De Vergréisserungstrakt, dee mat perforéierte Kofferplacken ofgedeckt ass, gouf 2010 no de Pläng vun den Architekten Diane Heirend & Philippe Schmit realiséiert. Dëse Projet gouf 2011 mam Prix Luxembourgeois d’Architecture an der Kategorie Architektur ausgezeechent. Probéier emol, duerch d’Placken erduerch ze kucken, vläicht entdecks Du Konschtwierker, well bannen ass nämlech e Musée!

Déi historesch Villa gouf 1873 no de Pläng vum Architekt Jean-François Eydt op där Plaz gebaut, déi duerch d’Schleefe vun der Festung fräi gi war. Dës elegant neoklassizistesch Residenz matten am Zentrum vun der Stad verfüügt iwwer e beandrockende Gaart, dee vum franséische Paysagist Édouard André ugeluecht gouf. De Groussherzog Jean an d’Groussherzogin Joséphine Charlotte hunn iwwregens wärend der Renovatioun vum groussherzogleche Palais e puer Joer hei gewunnt.

Fann méi eraus iwwer de Konschtmusée vun der Stad Lëtzebuerg op villavauban.lu … a besich en!

NOTÉIER:
Wéi vill stole Spëtzten huet déi riets Entréespaart? (Nëmmen eng Säit vun der Paart! C ass méi grouss wéi 10 a méi kleng wéi 20!)

C = _ _ (grued Zuel)

Géi elo op deen nächste Stopp!

Leave a Reply