LUCA – Urban Discovery Tour


OPGEPASST!

HAL DECH UN D‘KOORDINATE FIR DEI RICHTEG ÄNTWERTEN OP D’FROEN ZE FANNEN!!!

© 2020 LUCA – Luxembourg Center for Architecture
© Andrés Lejona
boshua © Bohumil KOSTOHRYZ

#4 IWWERT DEM PFAFFENTHAL

Klick op d‘Koordinate fir op déi genee Plaz fir dësen Challenge ze kommen!
N 49° 36.939 E 006° 07.773 

Vun hei aus kanns Du e puer aussergewéinlech Infrastrukture gesinn. Lénkerhand gesäis Du d’Rout Bréck an d’Seelbunn. D’Rout Bréck (déi offiziell Pont Grande-Duchesse Charlotte heescht), gouf tëschent 1962 an 1965 gebaut fir op de Kierchbierg ze kommen, well an där Zäit do ugefaange gouf mat Bauen. Virdru waren hei nëmme Felder. Vun 2015 bis 2017 ass d’Bréck am Hibléck op déi nei Tramslinn renovéiert ginn, woubäi och en neit Beliichtungssystem an nei Gelänner integréiert goufen. Den neie Look vun der Rouder Bréck gouf vun der Ingenieursfirma Ney & Partners entwéckelt.

Hannert der Rouder Bréck kanns Du de Funiculaire gesinn, deen 2017 vum Architektenatelier Beiler François Fritsch realiséiert gouf. Wann s Du déi nächste Kéier mam Funiculaire fiers, da pass emol op d’Ramp op. Si deelt sech zu engem bestëmmte Moment an zwee, fir datt d’Kabinne sech kräize kënnen.  Op Denger rietser Säit gesäis Du de Pafendaller Lift, deen 2016 no de Pläng vun STEINMETZDEMEYER Architectes Urbanistes realiséiert gouf. Klamm elo an de Lift fir um hënneschten Enn dee groussaartege Panorama ze entdecken. Dës spektakulär zäitgenëssesch Infrastruktur iwwerbléckt den historesche Quartier Pafendall an ass zu engem reegelrechte Repère an der Stad ginn.

NOTÉIER:
Wéi vill Been huet d‘Rout Bréck? (R ass méi grouss wéi 2!)

R = _ (grued Zuel)

Huel de Lift erof bei den nächste Stopp!

Géi elo op deen nächste Stopp!

Leave a Reply