LUCA – Urban Discovery Tour



OPGEPASST!

HAL DECH UN D‘KOORDINATE FIR DEI RICHTEG ÄNTWERTEN OP D’FROEN ZE FANNEN!!!

© Assar Architects

#5 RIVES DE CLAUSEN

Klick op d‘Koordinate fir op déi genee Plaz fir dësen Challenge ze kommen!
N 49° 36.743 E 006° 08.529 

No hirer Ëmgestaltung no de Pläng vun Assar Marc Ewen Architectes et Fabeck Architectes am Joer 2007 hu sech d’Rives de Clausen zu engem gesellegen Treffpunkt entwéckelt. Fir wat gouf Denger Meenung no dee grousse Kamäin aus Zille fréier benotzt? Fir dat erauszefannen, rode mir Dir, Der déi aner Industriegebaier ronderëm dëse Kamäin emol méi genee unzekucken.

Iwwert der Agangspaart gesäis Du d’Wuert “Mousel”. Hei stoung eng Brauerei an där joerhonnertelaang a bis an d’Joer 1985 era Béier gebraut gouf. De Floss an d’Waasser hunn dat alles méi einfach gemaach. Duerch de Kamäin konnt den Damp, dee benotzt gouf fir d’Fässer ze erhëtzen, evakuéiert ginn. Kuck dëse Video fir méi iwwer seng Geschicht gewuer ze ginn! Klick hei.

NOTÉIER:
Sich d’Ziffer, déi op der Foto feelt. (Du brauchs nëmmen eng vun den zwou Zifferen!)

L = _ (grued Zuel)

Géi elo op deen nächste Stopp!

Leave a Reply