LUCA – Urban Discovery Tour


OPGEPASST!

HAL DECH UN D‘KOORDINATE FIR DEI RICHTEG ÄNTWERTEN OP D’FROEN ZE FANNEN!!!

© neimënster

#6 NEIMËNSTER

Klick op d‘Koordinate fir op déi genee Plaz fir dësen Challenge ze kommen!
N 49° 36.644 E 006° 08.237

Du stees elo an der Mëtt vum grousse baussenzegen Haff vum “Neimënster” – e kulturellen Austauschzenter, deen zënter 2004 vill Ausstellungen, Virliesungen an Eventer, awer och Kënschtlerwunnengen ubitt.

Op der lénker Säit gesäis Du den “Tutesall”, an deem d’Prisonéier hu missen Tute pechen, an der Zäit tëscht 1869 an 1985, wou dee ganze Komplex als nationale Männerprisong gedéngt huet. Den Tutesall gouf 1989 no de Pläng vum Architektebüro Hermann & Valentiny renovéiert.

D’Gebai virun Dir staamt aus der Zäit, wou dës Plaz als Militärspidol gedéngt huet, vun 1815 bis 1867.

All déi aner Gebaier sinn nach méi al. Si goufen am Joer 1606 gebaut fir hei eng Abtei ënnerzebréngen. Haut fënns Du hei nach ëmmer eng Kierch, eng Kapell an e Klouschter.

Géi elo an de Bannenhaff op Denger rietser Säit. Hei kanns Du verschidden Elementer vun der zäitgenëssescher Architektur gesinn, wéi zum Beispill den Daach aus Glas mat senger Metallstruktur, deen en zouene Raum mat vill Dagesliicht schaaft. Dës Elementer goufe bäigefüügt, wéi de Komplex nom Design vun den Architekte Jean Ewert a Jeannot Lorang an e Kulturzentrum ëmgewandelt gouf. Dës Aarbechte goufen 2004 ofgeschloss.

Fann méi eraus iwwer de kulturellen Austauschzenter “Neimënster” op neimenster.lu

NOTÉIER:
Du bass elo am grousse baussenzegen Haff. Sich no der Ziffer, déi op der Foto feelt. (Nëmmen eng Ziffer!)

G = _ (grued Zuel)

Géi elo op deen nächste Stopp!

Leave a Reply