LUCA – Urban Discovery Tour


OPGEPASST!

HAL DECH UN D‘KOORDINATE FIR DEI RICHTEG ÄNTWERTEN OP D’FROEN ZE FANNEN!!!

© jim clemes associates

#7 ARBED GEBAI

Klick op d‘Koordinate fir op déi genee Plaz fir dësen Challenge ze kommen!
N 49° 36.321 E 006° 07.751 

Stell Dech an de Rousegaertchen virum Gebai. Kuck Der déi vill Skulpturen un der Fassad genee un an denk Der eng Geschicht mat de Symboler, Statuen a Verzierungen aus. Du frees Dech vläicht, firwat den Daach gréng ass. Als Material fir den Daach gouf Koffer benotzt, an dee gëtt mat der Zäit gréng. Momentan gëtt d’Gebai, dat 2016 no de Pläng vum Architektebüro Jim Clemes Associates renovéiert gouf, vun enger Bank genotzt.

Am Agang gesäis Du d’Wuert “ARBED” stoen. Et war de Sëtz vun enger Entreprise aus der Stolindustrie, déi Lëtzebuerg um Ufank vum 20. Joerhonnert zu sengem Räichtum verhollef huet. Dës Entreprise, déi haut nach ënnert dem Numm ArcelorMittal besteet, huet zum Beispill d’Schinne vum neien Tram hiergestallt.

Kuck dëse Video fir méi iwwer d’Geschicht vun der ARBED gewuer ze ginn! Klick hei.

NOTÉIER:
Wat kanns Du hei op dëser Positioun gesinn? (Wiel déi richteg Äntwert)

  • Wann s Du eng modernistesch Skulptur gesäis, U = 5
  • Wann s Du eng Kifer gesäis, U = 6
  • Wann s Du e McDonald’s gesäis, U = 9

U = _ (ongrued Zuel)

Fann elo déi lescht Plaz … an d’Cache!

Leave a Reply