LUCA – Urban Discovery Tour

#8 ZIL-STANDUERT

Fann déi lescht Koordinate fir un d‘Cache ze kommen!
N 49° 35.??1   E 006° 07.???

Elo ass et un der Zäit, fir all d’Indizienzuelen, déi s Du gesammelt hues, zesummenzedroen a fir d‘Koordinate vun der Plaz, wou d‘Cache verstoppt ass, an hire Spärcode ze entschlësselen.

Du hues elo d‘Koordinaten an d’Kombinatioun, déi s Du brauchs fir d‘Cache ze fannen an opzemaachen. Probéier se esou opzemaachen, datt keen aneren dech gesäit – si soll e Geheimnis bleiwen!

Huel Deng Belounung aus der Cache eraus a schreif Däin Numm an dat klengt Logbuch. Wann s Du wëlls, kanns Du e klenge Message fir eis hannerloossen.

Wann s Du dat gemaach hues, spär d’Cache nees zou fir déi nächst ‘Geocachers’!

Merci fir d‘Matmaachen! Mir hoffen Du hues de Parcours genoss.

Wann s Du wëlls, hannerlooss e Kommentar um Enn vun dëser Säit!

NOTÉIER:
D’Cache ass ËNNERT ENGEM RISEGE KRÄIZ verstoppt!

Fir déi lescht GPS Location an de Spärcode fir d‘Cache opzemaachen ze fannen, benotz d’Äntwerten déi s Du bis elo gesammelt hues! Fir all Fro hues Du mat enger Nummer geäntwert, déi engem spezifesche Buschtaf entsprécht (zum Beispill d‘Fro Nr.1 -> Buschtaf A = ?). Also, looss eis ufänken, d‘Buschtawen op der Foto ënnen duerch déi Zuelen ze ersetzen, déi s fonnt hues.

N 49° 35.**1   E 006° 07.***

(Wann s Du d‘Léisung fonnt hues, kopéier dës Koordinaten op Google Maps an ersetz *** duerch d’Zuelen, déi Du fonnt hues!)

Brauchs Du en Hiweis fir déi lescht Plaz ze fannen? Du fënns en ënner der Foto!

Maache mer et elo ëmgedréint, wéi dat, wat s du mat de Koordinaten an dem Spärcode gemaach hues. Dat heescht, ersetz elo d’Zuelen, déi s Du virdru fonnt hues, duerch déi jeeweileg Buschtawen.

D’Cache ass am 8 | 5 | 18 | 2 Haff!

D’Cache ass am _ | _ | _ | _ Haff!

© 2020 LUCA – Luxembourg Center For Architecture
Alle Rechte vorbehalten. Jegliche Reproduktion, Darstellung, Anpassung, Übersetzung und/oder Modifikation – ganz oder teilweise – oder Übertragung in irgendeiner Form oder mit irgendwelchen Mitteln des Inhalts (Routen, Texte, Fotos, Rätsel, usw.) dieser Geocaching-Aktivität ist ohne die vorherige schriftliche Genehmigung von LUCA Luxembourg Center for Architecture verboten und könnte eine Verletzung darstellen.

Leave a Reply